Rechtsstaat

En Rechtsstaat ass en Staat deen op Gesetzer oder enger Verfassung baséiert an deem seng Muecht duerch dës Gesetzer ageschränkt ass fir d’Fräiheet vun de Bierger ze protegéieren. Weiderliesen

Reform

Am politesche Sënn ass eng Reform eng Ëmgestaltung vun engem bestoenden Gesetz oder engem ganze System vu Gesetzer. Zu Lëtzebuerg kann eng Reform vun engem Minister oder vun Deputéierte proposéiert ginn. Weiderliesen

Regierungschef

Als Regierungschef bezeechent een den iewechte Politiker vun enger Regierung. E Regierungschef huet normalerweis grouss Muechte fir d’Politik vum Land ze bestëmmen. Dat kann e President sinn (z.B. Amerika) oder de Premierminister (z.B. Lëtzebuerg). E Regierungschef ass net onbedéngt och Staatsoberhaupt, deen haaptsächlech zeremoniell Flichten erfëllt (z.B. den Grand-Duc). Weiderliesen

Republikanesch Partei (USA)

D’Republikaner ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1854 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Republikaner eng konservativ Politik a setze sech fir eng staark Arméi; traditionell – oft chrëschtlech – Valeuren; a fräi ekonomesch Marchéen an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: den Abraham Lincoln, den Dwight Eisenhower, de Ronald Reagan, an den George W. Bush. Weiderliesen

Resolutioun

Eng Resolutioun ass eng offiziell Matdeelung, déi d’Positioun vu sengen Verfaasser soll erklären. Weiderliesen

Ressort

En Ressort ass de Sammelbegrëff fir en Ministerium an déi Administratiounen déi dem Ministerium ënnerstinn. Weiderliesen

Rezessioun

D’Ekonomisten ënnerdeelen e Joer an der Reegel a véier Quartalen. Eng Rezessioun läit da fir, wann an zwee Quartale hannertenee keen ekonomesche Wuesstem oder e Réckgang vun dësem stattfënnt. Weiderliesen