Nom Brexit ass virum Brexit

Wéi et nom briteschen Austrëtt aus der EU elo weidergeet Den 23. Juni 2016 hunn d’Britten an engem Referendum knapp fir de sougenannte Brexit gestëmmt. Laang huet et gedauert, mee säit ufanks Februar 2020 huet Groussbritannien d’Europäesch Unioun verlooss. Elo befanne sech déi zirka 67 Millioune Britten an enger Iwwergangsphas bis Enn 2020. Dësen historesche Moment wäert sech am europäesche Memoire festgesat hunn. Mee et bleiwe vill Froen onbeäntwert, fir déi an den nächste Méint kloer Äntwerte fonnt musse ginn. Et huet dräi Joer gedauert, bis datt sech d’EU a Groussbritannien wärend der Iwwergangsphas tëschent dem EU-Austrëtt an engem Fräihandelsofkommes… Weiderliesen

Brexit – Een Iwwerbléck

Den 29. Mäerz soll Groussbritannien aus der EU trieden. No dräi Joer voller Brexit-Noriichten, gesäit et esou aus, wéi wann mir engem Enn méi no kommen. Mee déi britesch Premierministerin Theresa May huet Problemer, dee mat der EU ausgehandelten Deal, am britesche „House of Commons“ duerchzekréien. Kuerz no der Chrëschtvakanz ass den Deal fir déi éischte Kéier fir eng Ofstëmmung am Parlament zur Ofstëmmung fräi gemaach ginn. Den Deal ass mat engem historeschen Echec am Parlament duerchgefall. Den Haaptgrond dofir ass de „Backstop“. De Backstop gesäit fir, dat bei engem Echec vun den zukünftege Wirtschaftsbezéiunge keng haart Grenz zwëschen Irland… Weiderliesen

Brexit Pt. III: No den englesche Wahlen

Säit Ënn Mäerz dëst Joer ass den Artikel 50 vun England aktivéiert. Säit deem ass de Verhandlungsprozess fir de sougenannte Brexit offiziell lancéiert. Obwuel dës Decisioun an engem Referendum geholl gouf, hat déi britesch Premierministesch Theresa May fir  den 08. Juni Neiwahle virgezunn. Firwat goufen dës Wahle gehalen ? Wéi sinn se ausgaangen ? A wat si méiglech Konsequenze fir de Brexit-Prozess an d’Situatioun vun Nordirland? Den Haaptgrond deen d’May genannt huet fir d’Wahlen ze organiséieren, war fir hir « Hand  an de Verhandlungen [iwwert de Brexit] ze stäerken ». Eng héich Victoire hätt hir op 2 Aart a Weise gehollef. Engersäits hätt si kéinte mat der EU verhandele mat der Gewëssheet dass d’Majoritéit vum Land kloer… Weiderliesen

Wéi geet den Brexit weider?

Elo wou England offiziell den Prozess ugefangen huet fir aus der EU auszetrieden, ass den sougenannten “Brexit” natierlech erëm an den Schlagzeilen. Am Oktober dat lescht Joer haten mir schonn dëst Thema ugeschwat. Mee elo wou den Artikel 50 déclenchéiert gouf, geet et an eng aner Phase vum Brexit op déi mir elo wëllen méi genau agoen. Am Juni 2016 ass an England an engem Referendum ofgestëmmt ginn fir aus der EU auszetrieden. Doropshinn huet sech och eng nei Regierung ënnert dem Theresa May gebilt, déi elo d’Verhandlungen mat der EU féiert. Fir d’Resultat vun dësem Referendum an d’Réalitéit emzesetzen… Weiderliesen