Wéi geet et weider an Italien?

De 4. Mäerz huet Italien e neit Parlament gewielt, zënterhier gëtt gerätselt ob dat drëttgréissten Euro-Land soubal eng stabil Regierung kritt. Déi meeschtgewielte Partei, de Movimento 5 Stelle (M5S), huet schonn no bësse méi wéi enger Woch verkënnegt keng Angscht virun Neiwahlen ze hunn. Wat mécht d’Saach sou komplizéiert? Keng Partei krut genuch Stëmme fir eleng ze regéieren, wéie regéiere wëll muss sech also eens ginn. Dobäi vertrieden d’Parteie ganz verschidde Fuerderungen, an etabléiert Parteien déi soss wuel op e gemeinsamen Nenner komm wieren hu massiv Stëmme verluer. Sou déi aktuell Regierungspartei “Partito Democratico” (PD), déi knapps e Fënneftel vun… Weiderliesen

Ass d’EU demokratesch?

Wéi de Virleefer vun der EU an de 1950er Joren gegrënnt gouf, war d’Fro ob dëst sollt eng demokratesch Institutioun sinn net am Virdergrond. Well d’EU mëttlerweil a vill méi Beräicher involvéiert ass, ass d’Fro no hirem demokrateschen Defizit ëmmer méi wichteg ginn. Dat ass spéitstens och an der Diskussioun em de Brexit nach méi kloer ginn. Wat denken eis 3 Auteuren iwwert der EU hir demokratesch Qualitéit? “De Fakt dass d’Europäesch Unioun een Demokratiedefizit huet ass net nëmmen onëmstridden, et ass esou ongeféier deen eenzegen Konsenspunkt bei deem jiddereen sech eens ze si schéngt. All pro-EU Stëmm widderhëlt: “D’Unioun… Weiderliesen

Wanns du kéints d’EU vu Grond op nei gestalten, wat fir Prinzipie géifs du verfollegen?

Kritiken vun der Europäescher Unioun gëtt et genug. An déi lëscht Joeren hu mat Wirtschaftskris, Flüchtlingskris a Brexit gewisen, dass et eng grouss Unzuel u Leit gëtt déi net mat der Europäescher Unioun zefridde sinn. Genau wéi Kritiken, gëtt et och genug Virschléi fir d’EU nei ze gestalten. Dofir haut d’Fro un eis 3 Jonker, wat fir Prinzipien si géife verfollegen, wann si kéinten d’EU vu Grond op nei gestalten. “Wien och nëmmen ee minimaalt Verständnis vu liberaler Philosophie huet, wees dass Liberalismus a supra-national Organisatiounen déi sech iwwert ee ganze Kontinent erstrecken, immens geféierlech fir eng fräi Gesellschaft sinn.… Weiderliesen

Wat ass den Eurogrupp?

D’Eurogrupp war déi lescht Deeg vill an den Noriichten, nodeems een néie President gewielt gouf – de Portugis Màrio Centeno. Mee wat mëscht d’Eurogrupp a wéi eng Roll huet si an der EU? Dat wëlle mir iech dës Woch méi genau erklären. D’Eurogrupp ass een informelle Gremium, wou d’Finanzminister aus allen Euro-Memberstaaten vertruede sinn. De President vun der Eurogrupp (deen och e Minister vun engem Land muss sinn), de Vize-President vun der Europäescher Kommissioun, den als Ressort Wirtschaft, Finanzen an den Euro huet, an och de President vun der Europäescher Zentralbank sinn an de Sëtzungen dobäi. Jee nom Sujet ginn och… Weiderliesen

Wat ass Glyphosat?

Kee Mëttel gëtt méi benotzt fir Onkraut vun de Felder z’eliminéieren, all Joer gëtt et weltwäit op eng Fläch sechs Mol sou grouss wéi Frankräich gesprëtzt, mee géint kaum ee Mëttel sinn Ëmweltorganisatiounen a sëllech Politiker sou Stuerm gelaf. No laangem Gestreits gouf dëse Méindeg decidéiert, dass d’Substanz an der EU em weider 5 Joer benotzt dierf ginn. Wat huet et mam Glyphosat op sech? Keen huet der Mollekül hiert Potenzial erkannt, wéi e Schwäizer Chemiker se 1950 fir d’éischt kënschtlech hiergestallt huet. Dat selwecht huet 20 Joer duerno déi amerikanesch Firma Monsanto gemaach, déi se awer als Onkrautmëttel patentéiert… Weiderliesen

A wat fir eng Richtung soll d’EU an Zukunft goen?

Obwuel d’Europäesch Unioun hir Ufäng schonn an den 1950er-Joeren huet, ass wuel seelen sou vill iwwert hir Zukunft geschwat ginn wéi déi lescht Joren. Vun Euro-Kris iwwert Brexit zur Flüchtlingskris – fir nëmme puer Themen ze nennen – nach ni war d’EU esou emstridden. An och bei de Jonken ass d’EU en aktuellt Thema, dofir d’Fro un eis 3 Auteuren haut: “A wat fir eng Richtung soll d’EU an Zukunft goen?” “D’Etabléierung vun der Europäesch Union war ëmmer eng Fro vum fräie Marché. Net fir näischt huet de Prototyp vun der EU schon 1957 EWG (Europäische Wirtschaftsgemeinschaft) geheescht. Die ganz Legitimatioun vun der EU ass… Weiderliesen

Wei geet et weider no der Bundestagswahl?

Nom Resultat vun den däitsche Bundeswahle leschte Sonnden, de 24. September, steet d’Angela Merkel virun hirer véierter Amtszäit als Bundeskanzlerin. Dobäi huet hier politesch Partei – d’CDU an d’Schwësterpartei CSU – e bedeitende Verloscht erlidden: Et as dat schlechtst Wahlresultat fir d’Partei säit 1949. Eng vun deenen éischten Aufgaben déi dem Merkel no de Wahlen elo virleit as et, eng Regierung op Basis vun de Wahlresultater ze bilden. Me wei gesinn déi verschidde Koalitiounsmeichlegkeeten eigentlech aus? Dëst Joer sëtze fir déi éischt Kéier erëm säit den 1950er 6 Parteien am Bundestag. Dat heescht, dass den Total vun den 709 Sëtz deelweis op mei kleng Parteie verdeelt sinn. Am Verglach zu de Wahlresultater 2013, hun dëst Joer d’AfD an d’FDP… Weiderliesen

Wat ass d’Laach vun der Europäescher Unioun?

Wei steet et em d’Europäesch Unioun ? Eng Fro déi een sech an Zäite vu Brexit, Terrormenacen an opkommendem Populismus wei och Euroskeptiker an der EU oft stellt. Een Haaptsujet op deen den EU-Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker a senger Ried vum leschte Mëttwoch am EU-Parlament zu Stroossbuerg agaangen ass. Wei also gesäit hien déi momentan Laach vun der europäescher Gemeinschaft ? A virun allem, wei gesäit fir hien d’Zukunft vun der EU aus ? All Joer am September bezitt den EU-Kommissiounspresident Stellung zur momentaner Laach an der EU. Dobäi gëtt ee Resumé vum leschte Joer gezunn an och op déi aktuell Problemer vun der Unioun agaangen. Doriwwer eraus ginn och eventuell Pläng fir d’Zukunft a Reformidee virgestallt, déi d Komissioun ëmsetze well. ,,Europa huet rem neie Wand an de Seegelen,, ,sou ee Saz aus… Weiderliesen

Wat mécht eng Zentralbank?

Wann een d’Noriichten e bësse verfollegt, dann héiert een oft vun Zentralbanke wéi zum Beispill iwwert déi Europäesch Zentralbank oder déi amerikanesch „Fed“. Mee wat mëscht eng Zentralbank? An wéi eng Roll spillen sinn an der Geld- a Währungspolitik? Dat gitt dir dës Woch an eisem Artikel gewuer. Generell ass eng Zentralbank d’”Bank vun de Banken” an awer och d’Bank vun engem Staat. Zentralbanke steieren zum Beispill, wéi vill Geld am Ëmlaf soll sinn. Dat ass an deem Sënn wichteg, well esou de Präisniveau stabil gehale ka ginn. Dëst ass ee vun den Haaptziler vun enger Zentralbank, well wann de… Weiderliesen

Polen- Um Wee zum autoritären Staat?

Dës Woch schreiwe mir iwwert déi nei Justiz-a Medienreforme vu Polen, déi säit Méint ëmmer erëm kuerz an de Noriichte sinn. Mee ët gëtt kritiséiert dass dës Reforme fir een EU-Memberstaat eng signifikant Verschlechterung vun der Demokratie an der Gewaltentrennung sinn. Dowéinst wëlle mir erkläre wat sech a Polen duerch d’Reforme verännert a wéi d’EU dorop reagéiert. Déi néi Justizreform a Polen gëtt dem Justizminister Zbigniew Ziobro d’Kompetenz fir all déi aktuell Riichter vum „Tribunal Supérieur“ z’entloossen an déi duerch Riichter ze ersetzen, déi der Regierung no stinn. De Justizminister kritt zudeem vill méi Afloss zougesprach fir Riichter kënnen Uweisungen… Weiderliesen

Brexit Pt. III: No den englesche Wahlen

Säit Ënn Mäerz dëst Joer ass den Artikel 50 vun England aktivéiert. Säit deem ass de Verhandlungsprozess fir de sougenannte Brexit offiziell lancéiert. Obwuel dës Decisioun an engem Referendum geholl gouf, hat déi britesch Premierministesch Theresa May fir  den 08. Juni Neiwahle virgezunn. Firwat goufen dës Wahle gehalen ? Wéi sinn se ausgaangen ? A wat si méiglech Konsequenze fir de Brexit-Prozess an d’Situatioun vun Nordirland? Den Haaptgrond deen d’May genannt huet fir d’Wahlen ze organiséieren, war fir hir « Hand  an de Verhandlungen [iwwert de Brexit] ze stäerken ». Eng héich Victoire hätt hir op 2 Aart a Weise gehollef. Engersäits hätt si kéinte mat der EU verhandele mat der Gewëssheet dass d’Majoritéit vum Land kloer… Weiderliesen

Wéi geet et weider mam Macron?

D’Europahymn gëtt gespillt, wéi den Emmanuel Macron senge Wieler virum Louvre zu Paräis entgéinttrëtt – e klore Statement pro Europa vum kënftege franséische President. De Sonndeg huet de 39-järegen parteionofhängege Politik-Newcomer mat 66% vun de Stëmmen d’Presidentschaftswahlen a Frankräich gewonnen, an domat seng Konkurrentin Marine Le Pen ausgestach. Vill Politiker an Bierger an Europa waren erliichtert, well d’Gewannen vum Marine Le Pen nom Brexit a matten an enger Flüchtlingskris e weidert Suergekand fir d’Europäesch Unioun gewiescht wier. Mee wéi wäert et fir Frankräich weider goen ënnert engem President Macron? Bis elo ass net ganz kloer, wéi hie sech an verschidden Themen selwer positionéiert. Réischt wann hien seng Ministeren, dorënner och… Weiderliesen