Een neien Ulaf

Auteur: Max Fisch   D‘Migrations- and Asylpolitik an der EU Säit Jore gehéiert d’Migratiouns- an d‘Asylspolitik zu enger vun de gréissten Erausfuerderungen vun der Europäescher  Union. Nom grousse Feier am Lager Moria zu Lesbos Ufank September an nodeems dausende vu Migranten duerch déi Katastroph hire leschte Besëtz och nach verluer hunn, huet déi europäesch Flüchtlingsproblematik och rëm d’Aktualitéit dominéiert. An hirer Ried zur Lag vun der EU huet déi nei Kommissiounspräsidentin Ursula von der Leyen de 16. September annoncéiert, dass d’Flüchtlingssituatioun eng vun hire wichtegste Prioritéite wier an dass si zesumme mat de Memberlänner alles géif dru setzen, fir dës… Weiderliesen

Ass den EU-Tierkei Flüchtlingspakt a Gefor?

Auteur: Max Fisch   De Coronavirus dominéiert elo scho säit Wochen ons Aktualitéit. An där Zäit ass leider en anert wichteg Thema aus de Käpp vu ville Léit verschwonnen, an zwar d’humanitär Katastroph déi sech vir de Moment a Griicheland entwéckelt. Nodeems den tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan decidéiert huet, d’Grenze vun der Tierkei zu Griicheland opzemaachen, huet sech vir d’EU d’Flüchtlingskris no 2016 op en Néits dramatesch verschlëmmert. Wéi konnt et esou weit kommen? Nom Ausbroch vun der Flüchtlingskris 2015 gouf et en Joer drop en Accord tëscht der Europäescher Union an der Tierkei andeems et dorëms gaangen ass, dass d’Refugiéen… Weiderliesen