Em wat geet et bei der Euro-Reform?

Scho säit d’Finanz- an Eurokris virun 10 Joer ugefaangen huet, gëtt doriwwer diskutéiert wéi een d’Eurozon kéint reforméiere fir zukünfteg Krisen ze vermeiden, oder se besser ze managë wann se antrieden. Obwuel wärend an no der Kris Mesurë geholl goufen, si weiderhi vill Politiker an Experten der Meenung, dass d’Eurozon net “komplett” ass a Reforme benéidegt. Dës Debatt ass virun allem no der Victoire vum Macron a Frankräich erëm an de Virdergrond komm, vu dass hien a senger Walcampagne sech fir eng déifgräifend Euro-Reform ausgeschwat huet. Dofir fokusséiere mir eis haut op déi politesch Proposen, déi vun der Europäescher Kommissioun a vum Macron zesumme mat der däitsche Bundeskanzlerin Merkel gemaach… Weiderliesen

Wisou gëtt Cattenom net zougemaach?

Feier, Accidenter, Sécherheetslücken… ëmmer nees beonrouegt dat franséischt Atomkraaftwierk zu Cattenom, just puer Kilometer fort vun Däitschland a Lëtzebuerg. Mee wisou gëtt d’Atomkraaftwierk eigentlech net ofgeschalt? Frankräich ass d’Atom-Land schlechthin: 2016 sinn iwwer 72% vum franséische Stroum aus Atomkraaftwierker komm. Een Undeel, un dee weltwäit keen anert grousst Land och nëmmen erukënnt. Däitschland huet z.B. dat selwecht Joer 13 % vum Stroum sou produzéiert, Groussbritannien 21%. Anescht wéi an dësen zwee Länner ass a Frankräich nämlech net vill Kuel oder Gas ze fannen. Energie war awer nom 2. Weltkrich néideg fir ëmmer méi Stroum ze produzéieren. Gläichzäiteg war d‘Faszinatioun fir Atomenergie… Weiderliesen

Wéi geet et weider mam Macron?

D’Europahymn gëtt gespillt, wéi den Emmanuel Macron senge Wieler virum Louvre zu Paräis entgéinttrëtt – e klore Statement pro Europa vum kënftege franséische President. De Sonndeg huet de 39-järegen parteionofhängege Politik-Newcomer mat 66% vun de Stëmmen d’Presidentschaftswahlen a Frankräich gewonnen, an domat seng Konkurrentin Marine Le Pen ausgestach. Vill Politiker an Bierger an Europa waren erliichtert, well d’Gewannen vum Marine Le Pen nom Brexit a matten an enger Flüchtlingskris e weidert Suergekand fir d’Europäesch Unioun gewiescht wier. Mee wéi wäert et fir Frankräich weider goen ënnert engem President Macron? Bis elo ass net ganz kloer, wéi hie sech an verschidden Themen selwer positionéiert. Réischt wann hien seng Ministeren, dorënner och… Weiderliesen

Wat dierf en(g) franséisch(en) President(in)?

Den leschten Sonnden waren ons franséisch Noperen opgeruff een neien President ze wielen. Dobäi konnten eng ronn 47 Milliounen Fransousesn hier Stëmm vir hiren Favorit ofginn. Bei dësem éischten Tour vun den Presidentiellen goung et dorëms vir erauszefannen, wéi eng 2 Kandidaten am meeschten Stëmmen kruten. Do konnten sech d’Marine Le Pen vum rietspopulisteschen Front National an den onofhängegen Kandidat Emmanuel Macron duerchsetzen. Si trieden den 7. Mee an engem 2. Tour nach eng Kéier géinteneen un. De Gewënner gëtt dann zum(r) neien(r) President(in). Mee wat sinn iwwerhaapt d’Pouvoiren vun engem franséischen president? An wéi gesinn déi politesch Pläng vum… Weiderliesen

Wie gëtt franséisch(en) President(in)?

Dës Woch geet et em déi wichtegst franséisch Presidentschaftskandidaten: Emmanuel Macron  (En Marche!), Benoît Hamon (PS), François Fillon (LR), Marine Le Pen (FN). Si hu sech a Wahlen bannent hire Parteien duerchgesat an trieden elo bei der Presidentschaftswahl un. Dowéinst wëlle mir ee kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Kandidaten/Kandidatin an de franséische Wahlsystem ginn. Déi franséisch Wahle sinn den 23. Abrëll 2017. Falls do kee Kandidat méi wéi 50% vun de Stëmmen wäert kréien – wat immens wahrscheinlech ass – dann ass eng Stéchwahl fir den 7. Mee 2017 ugesat.  Do trieden dann just déi 2 Kandidaten un, déi am éischten Tuer déi meeschte Stëmme kruten. Den Emmanuel Macron war nach d’lescht Joer Wirtschaftsminister ënnert dem President François Hollande bis hien demissionéiert huet, fir seng Beweegung „En Marche!“ ze grënnen. Hie… Weiderliesen