Wat ass e Buergermeeschter?

Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunalen Niveau politesch Poste bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Poste publizéieren. Den drëtten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Poste vum Buergermeeschter. Dofir hu mir mam Manon Bei, LSAP, vun Dippech a mam Henri Kox, Déi Gréng, vu Réimech geschwat.   Wéi gesäit den Alldag vun engem Buergermeeschter aus ? Manon Bei-Roller: Ech ginn dat am Fong wéi eng “mère de famille” un. Ech soen ëmmer et ass e Betrib an dee muss guidéiert ginn – net geleet ginn, well ech mengen administrativ gesinn,… Weiderliesen

Wat ass e Schäffen?

  Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunalen Niveau politesch Poste bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Poste publizéieren. Den zweeten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Poste vum Schäffen. Dofir hu mir mam Simone Beissel, DP, aus der Stad a mam Fréd Ternes, CSV, vu Nidderaanwen geschwat. Wéi gesäit den Alldag vun engem Schäffen aus ? Fréd Ternes: „Hei an der Gemeng ass den Alldag esou, dass mir dräi mol d’Woch eng Sëtzung am Schäfferot hunn, wou sech déi zwee Schäffen an de Buergermeeschter an de Sekretär zesummesetzen. Do ginn… Weiderliesen

Wat ass e Gemengeconseiller?

    Am Kontext vun de Gemengewahlen hu mir ënnerschiddlech Politiker interviewt, déi um kommunale Niveau politesch Posten bekleeden. Bis zu de Wahlen, den 8. Oktober, wäerte mir een Artikel pro Posten publizéieren. Den éischten Artikel an dëser Serie dréint sech ronderëm de Posten vum Gemengeconseiller. Dofir hu mir mam Christian Steffen, LSAP, vun Ettelbréck a mam Liane Felten, CSV, vu Gréiwemaacher geschwat.   Wéi gesäit den Alldag vun engem Gemengeconseiller aus ? Christian Steffen: „Ech géif soen aus vill liesen a vill diskutéieren (laacht). D’Gréisstenuerdnung vun der Gemeng spillt e bësse mat wifill Aarbecht datt et mat sech bréngt. An dann och ob een an der Oppositioun… Weiderliesen