Historeschen Progrès a Korea

Virun en puer Deeg gouf vill an de Medie iwwer Nord- a Südkorea geschriwwen. De Kim Jong-Un, Diktator vun der nordkoreanescher Republik, an de Moon Jae-in, President vu Südkorea, hunn sech nämlech d’Hand gereecht fir iwwer Friddensverhandlungen ze diskutéieren. Wéi soll de Friddensaccord ausgesinn, an ass eng schnell Friddensléisung iwwerhaapt realistesch? En kuerzen Iwwerbléck iwwert d’Aktualitéit vu Korea… Et war besonnesch, wéi sech déi zwee Staatscheffe leschte Freiden an der demilitariséierter Zone zu Panmunjom getraff hunn: Et ass nämlech déi éischte Kéier iwwerhaapt, dass den nordkoreaneschen Diktator südkoreanescht Land betrëtt. Offiziell befannen sech déi zwee Länner nämlech nach am Krich, well et 1953 just zu engem Waffestëllstand komm ass, mee et gouf ni en Friddensvertrag ofgeschloss.… Weiderliesen

Wat ass den Korea-Konflikt?

Dës Woch huet den amerikanesche President sech fir d’eicht zu senger Nord-Korea Politik geäussert. Deemno géif hien och ouni China, déi ee groussen Afloss op Nord-Korea hunn, intervenéieren. Dat wäert sech am Gespréich tëschent dem Donald Trump an dem chinesesche President Xi Jingping ufanks Abrëll méi kloerstellen. Dowéinst wëlle mir des Woch de Koreakonflikt méi genau erklären. 1910 huet sech Japan Korea als Kolonie zu Notze gemaach an iwwert Joren d’Ressourcen un sech geholl. Well Japan den 2. Welktrich verluer huet, ass Korea un d’Sowjetunioun an un d’USA gangen. Den Norde vu Korea ass un d’Sowjetunioun gaangen an de Süden un d’USA. Déi zwee Länner konnten kee Friddenstraité erreechen. Si… Weiderliesen