Wat ass de Weltsécherheetsrot?

Opgrond vun deene rezenten internationale Krise wei de Krich a Syrien, d’Onrouen an der Ostukrain oder awer och de Spannungen tëschent Nordkorea an den USA, as net selte riets vum UN Sécherheetsrot. Mee wat genau ass de Sécherheetsrot vun de Vereenten Natiounen a wei eng Roll spillt en bei der Léisung vun internationale Konflikter ? Den UN Sécherheetsrot oder oft nach Weltsécherheetsrot genannt ass en wichtegt Organ vun den Vereenten Natiounen (UNO). D Grënnung vum Weltsécherheetsrot geet op d’Joer 1947 zeréck an säin Setz befënnt sech säit 1951 zu New York. Den Artikel 24 vun der Charta vun den Vereenten Natiounen beseet, dass den UN Sécherheetsrot den Weltfridden oprecht erhaalen an fir international Sécherheet suergen soll. Mee wei genau gestallt sech lo d Aarbecht vun dëser Institutioun ? Den… Weiderliesen

Wat ass d’Kris a Venezuela?

Schon 2014 huet d’Bevëlkerung an d’Oppositioun a Venezuela géint de President Nicolas Maduro an seng Regierung protestéiert. Säit dësem Mäerz  schéngt d’Kris a Venezuela sech erëm zou ze spëtzen. Mee wei gesäit d’Situatioun a Venezuela eigentlech aus? An wei as et iwwerhaapt zu dëser Situatioun komm? Fir d’Kris a Venezuela ze verstoen as et wichteg en bëssen iwwert den ekonomeschen a politesche Kontext vum Land virum President Maduro senger Presidentschaft ze wëssen. Dem Maduro säi Virgänger, den Hugo Chavez, hat ‘sozial Programmer’ agefouert, deenen et der Bevëlkerung erméiglecht huet medezinesch versuergt ze ginn an ouni Käschte kennen an d’Schoul ze goen. Dëst Programmer waren awer staark op d’Akommes duerch Pëtrol-Exporter ofhängeg, dee 95% vum nationalen Export a Venezuela duerstellt. Zur Zäit… Weiderliesen

Kris am Katar – em wat geet et?

  Virun engem Mount huet sech a der Golfregioun eng politesch Kris etabléiert. Saudi-Arabien, Bahrain, Egypten an d’Vereenegt Arabesch Emiraten hunn hier diplomatesch Bezéiungen zu dem Golfstaat Katar agestallt. Firwat hunn si dat gemaach? An wéi geet déi Situatioun weider? Dat erkläre mir dës Woch an eisem Artikel. Katar gëtt vun den Golfstaaten Saudi-Arabien, Bahrain, Egypten an d’Vereenegt Arabesch Emirate beschëllegt Terrororganisatiounen z’ënnerstëtzen. Schon virun 3 Joer gouf et  vun dëse Golfstaaten, mat Ausnam vun Egypten, eng diplomatesch Kris, wëll Katar déi egyptesch Muslimbridderschaft ënnerstëtzt huet. Déi aner Golfstaaten hunn déi islamistesch Organisatioun als eng terroristesch Grupp agestuuft. Elo hunn déi… Weiderliesen

Kënnt de “Grexit”?

Dës Woch gëtt erëm méi iwwer d’Scholdekris vu Griichenland geschwat. Mä firwat gëtt elo erëm iwwer Griicheland an de „Grexit“ geschwat?  Wéi eng Konsequenze kënnen dat fir Europa a Griicheland bedeiten? Griichenland huet an de Jore virun der Finanzkris méi Suen ausginn, wéi si era kritt haten. Mat der Finanzkris ass awer gläichzäiteg de Wuesstem gefall an d’Banke sinn immens virsiichteg ginn, fir weider Suen ze léinen. Dës Sue goufe benotzt, fir ze importéieren amplaz z’investéieren. Nodeems Griichenland zouginn huet, jorelaang Zuele gefälscht ze hunn, war Enn 2009 den Defizit vum PIB bei 13,6%. Fir datt et net zum Staatsbankrott komme sollt, goufen 3 finanziell Hëllefe vun den europäesche Staatscheffen decidéiert. D’Troika… Weiderliesen