Wéieng EU fir Europa?

Ween dat heite liest, un dee gouf de 4. Mäerz e Bréif vum franséische President Emmanuel Macron geriicht: an 28 Zeitungen an 22 huet hien e Bréif un all d’europäesch Bierger adresséiert, an deem en am Virfeld vun den Europa-Wahle fir grouss Reformen an Europa oprifft. Kuerz drop huet d’Annegret Kramp-Karrenbauer, genannt “AKK”, Parteicheffin vun der stäerkster däitscher Partei CDU a mat gudde Chancen déi aktuell Kanzlerin Merkel ze beierwen, mat engem Bréif a sechs Sprooche geäntwert. Och eng ganz Rëtsch aner däitsch Politiker hunn hir Meenung an Zeitunge verëffentlecht. Wisou ass déi Ausernanersetzung sou wichteg? A Frankräich an Däitschland… Weiderliesen