Protester a Latäinamerika

A ganz Latäinamerika ginn d’Bevëlkerungen op d’Strooss, fir géint hir Regierungen ze protestéieren. D’Grënn sinn awer net an all Land déi selwecht, mee d’Problemer an deene verschiddene Länner sinn dacks zimlech ähnlech. Knapp 30 Joer ass et hir, datt Chile de Prozess aus enger Diktatur ënnert dem Diktator Augusto Pinochet an eng Demokratie ofgeschloss huet. Do si vun de Studente Protester ausgaangen, där sech spéider déi ganz chilenesch Bevëlkerung ugeschloss huet. Haut ginn d’Chilenen erëm op d’Stroossen, fir géint déi sozial Ongläichheeten opmierksam ze maachen an d’Regierung opfzefuerderen, endlech eppes dogéint z‘ënnerhuelen. Chile ass do net dat eenzegt Land a… Weiderliesen

Vergréissert/verréngert eise Bildungssystem bestoend Inegalitéiten an eiser Gesellschaft?

Dass e bessere Bildungsstandard am Duerchschnëtt spéider zu enger besserer Aarbecht an engem méi héije Salaire féiert wees quasi jiddereen. Mee wéi gutt suergt eise Schoulsystem dofir fir d’Inegalitéit tëschent Bildungsstandarden ze verréngeren? A wéi kéint een dat änneren? Dat sinn dëse Mount d’Froen un eis 3 Auteuren, déi selwer nach studéieren. “Dëse Sujet ass een dee mir perséinlech no läit, well ech zu menger Zäit als Schüler immens engagéiert am Beräich Educatioun war. Sief et Schülercomité, Conseil d’éducation, National Schülerkonferenz an Conseil supérieur de l’éducation national: Iwwerall hunn ech a grousse Gremie versicht mäin Apport ze maache fir de lëtzebuerger Bildungssystem ze… Weiderliesen

Existéiert d’Inegalitéit tëschent de Geschlechter? Wa ja, soll d’Politik sech dorëm këmmeren?

Virun 100 Joer huet déi sougenannte “Suffragettes”-Beweegung fir d’Walrecht fir Frae gekämpft. Dat Zil ass mëttlerweil a ganz Europa erreecht. Mee och hautdesdaags gëtt et nach Beräicher wou vill Leit eng Ongläichheet tëschent de Geschlechter gesinn – ob doheem, op der Aarbechtsplaz oder an der Politik. Dofir ass d’Fro un eis 3 Auteuren dës Woch, ob et nach Inegalitéiten tëschent de Geschlechter gëtt a wa ja, wéi eng Roll d’Politik hei spille soll. “Am éischten Artikel vun der dëser Serie hunn ech duergestallt, dass et Inegalitéit beim Gehalt innerhalb vun der Gesellschaft gëtt. Haut geet et em Inegalitéit tëschent de Geschlechter… Weiderliesen

Wéi ongläich ass Lëtzebuerg?

Dës Woch huet déi international Organisatioun Oxfam erëm hire Rapport zur Ongläichheet an der Welt publizéiert. 2016 hu si fonnt, dass déi 8 räichste Männer (nëmme Männer) zesummen esou räich sinn, wéi déi äermste 50% vun der ganzer Welt. Natierlech sinn ënnert den 8 räichste Leit zum Beispill de Bill Gates an de Warren Buffett, déi vill vun hire Suen spenden. Mä den Trend iwwert déi lescht 30 Joren ass eendeiteg: d’Welt gëtt méi ongerecht. Mä wéi ass dat zu Lëtzebuerg eigentlech? Vill Leit – inner- an ausserhalb vun Lëtzebuerg – kennen déi berühmte Statistik, dass Lëtzebuerg zanter Joren ënnert de räichste Länner vun der Welt ass. Mä de Räichtum vun engem Land verréit… Weiderliesen