Wisou wëll den Donald Trump Jerusalem als israelesch Haaptstad unerkennen?

Fir den Donald Trump war et virun allem d’Ëmsetzung vun engem Wahlverspriechen, dat bei verschiddenen amerikanesche Wieler scho méi laang populär ass. Weltwäite Protest war awer d’Äntwert op seng Ukënnegung, Jerusalem offiziell als israelesch Haaptstad unzëerkennen. Fir déi meescht Staaten heescht déi nach ëmmer Tel Aviv – sou och fir Lëtzebuerg – a besonnesch an der islamescher Welt ass dës Decisioun op méi wéi Kapprësele gestouss. Wisou féiert dës Stad säit Joerdausenden zu Doudegen? Hannert de politesche Grënn verstoppe sech Dausende Jore Geschicht: laut der helleger jiddescher Schrëft, der Tora, wier d’Stad virun 3000 Joer Haaptstad vum israelesche Kinnekräich ginn.… Weiderliesen