Protester am Libanon

Säit gutt zwou Woche ginn am Libanon d’Leit op d’Stroosse fir géint déi aktuell Regierung ze protestéieren. Déi huet schon mat Récktrëtter op d’Protester reagéiert, mee d’Situatioun spëtzt sech lues a lues ëmmer méi zou. D’Bevëlkerung geet op d’Stroosse fir sech an och fir déi nächst Generatiounen ee bessert Liewen ze erméiglechen. Am Land ginn et vill verschidde Reliounen, dat huet an der Vergaangenheet oft fir Konflikter gesuergt, mee duerch d’Protester sinn déi knapp 18 verschidde Reliounen sech méi no komm fir zesumme géint déi schlecht Infrastrukturen, Korruptioun a fir eng besser Zukunft ze protestéieren. D’Demonstratioune sinn net nëmmen an… Weiderliesen

Hongkong – Fir d’Fräiheet kämpfen

Säit méi wéi véier Méint protestéiert d’Bevëlkerung a Hongkong géint méi Afloss aus China. D’Demonstratiounen hunn ugefaangen, well déi Regierung aus Hongkong een Ausliwwerungsgesetz lancéiere wollt, fir Honkonger kënnen un China auszeliwweren. Obwuel d’Regierung aus Hongkong elo dat Gesetz zeréckgeholl huet, ginn d’Protester weider. Déi fréier britesch Krounkolonie ass 1997 zeréck un China gaangen, mee huet ee spezielle politesche Status fir 50 Joer kritt. Hongkong ass eng chinesesch Sonderverwaltungszone a säit hir gëllt de System „Ee Land, Zwee Systemer“. Dat heescht, dat déi 7 Milliounen Hongkonger ënnert der Souveränitéit vu China stinn, mee si hunn awer „d’Chance“ méi, mee net… Weiderliesen

Wat bedeiten d’Protester zu Hong Kong?

E Gesetzesprojet huet d’lescht Woch all siwenten Awunner vun Hong Kong – schätzungsweis eng Millioun Leit –  op d’Strooss gedriwwen an zu deels gewalttätege Protester gefouert. Dat kléngt gelungen, gehéiert Hong Kong dach zu China, dat als autoritäre Staat net fir Masseprotester bekannt ass. De klengen Zipfel, net mol hallef sou grouss wéi Lëtzebuerg an awer mat 12 mol souvill Awunner wéi de Grand-Duché, ass allerdéngs en extrae Fall. Bis 1997 huet en zu Groussbritannie gehéiert, dat sech dat klengt Stéck Land am 19. Joerhonnert no engem Krich mat China gekroopt hat. D’Stad ass séier gewuess, sou dass d’Britte sech… Weiderliesen

Wat ass de gilets jaunes-Mouvement?

Wat am November als simpele Protest géint d’Erhéijung vun den Accisen um Diesel ugefaangen huet, huet sech no puer Woche vu Protester Ufank Dezember zu enger sozialer a politescher Kris a Frankräich établéiert. D’Manifestanten – déi en gielen Sécherheetsgilet als Symbol vun hirem Mouvement benotzen – sinn déi éischte Kéier de 17 November op d’Stroossen gaangen fir géint déi néi Mesuren vun der Regierung ze protestéieren. Zënterhier hunn d’gilets jaunes op weidere Weekender gréisser Manifestatiounen an den Groussstied organiséiert fir Drock op den President Macron auszeüben. De Mouvement ass ënner anerem schwéier ze définéieren, well en immens dezentraliséiert ass. Et gëtt keng « Symboulfigur » déi de ganze Mouvement representéiert. D’franséisch Manifestante sinn… Weiderliesen