Déi nei Seidestrooss

Queesch duerch d’Welt investéiert China a nei Transportweeër an a Firmen, och an Europa. Wisou stoussen dës Investitiounen op Kritik? Viru manner wéi 40 Joer war China eent vun den äermste Länner op der Welt, nach 1981 hunn hei 88 vun 100 Leit mat manner wéi 1,90 Dollar den Dag gelieft. Reformen hunn d’Land dunn zur zweetgréisster Wirtschaft op der Welt gemaach, kee Land exportéiert haut souvill wéi China. Gläichzäiteg ass d’Land ëmmer manner zréckhalend, wann et drëm geet Afloss an anere Länner auszeüben, virun allem säit de Xi Jinping 2012 d’Leedung vum Land iwwerholl huet. Kuerz no sengem Untrëtt… Weiderliesen