Wat fir eng Steier misst agefouert / ofgeschaft ginn? A firwat grad déi?

Obwuel Steieren ugangs agefouert goufen haaptsächlech fir Kricher vu Kinneken ze finanzéieren, ass haut de Sënn vu Steiere méi nuancéiert. Et gi méi Funktioune wéi d’Militär domat finanzéiert, déi zum Deel och de Steierzueler e Benefice ginn (Spidol, Police, etc.). Anerersäits ginn hautdesdaags Steieren och benotzt fir eng gewësse Gerechtegkeet am Akommes ze schafen (Steierklassen a Steiertabellen). Da gëtt et och Steieren déi de Leit eng Motivatioun solle gi fir eppes ze maachen oder ze ënnerloossen (Ëmweltsteieren). Un ënnerschiddleche Steiere feelt et also net. Dofir froe mir eis 3 Auteuren dëse Mount wéi eng Steier dann nach misst agefouert ginn, respektiv ofgeschaaft ginn. “Mat Steiere kann de Staat d’Verhale vun… Weiderliesen

Wat sinn d’Paradise Papers?

Nodeems d’Panama Papers an d’LuxLeaks international schon fir vill Opmierksamkeet gesuergt hunn, hunn d’läscht Woch déi sougenannte Paradise Papers fir vill Polemik gesuergt. Net manner wei 13,4 Milliounen Dokumenter goufe während engem Joer vun 120 Journalisten aus aller Welt analyséiert an ausgewäert. Mee em wat handelt ed sech genau bei de Paradise Papers a wat ass de gesellschaftlechen Interêt un dëser Affär ? D’Publikatioun vun de Paradise Papers verdäitlecht op wei eng Aart a Weis, grouss international Firme wei zum Beispill Nike, Apple oder Facebook mee awer och Prominenter wei de Bono vun U2 a souguer d Queen iwwert sou genannte Steierparadäiser fuere fir hiert Verméigen ze verwalten. An deene meeschte Fäll geet et dann och drëm fir sou mann wei… Weiderliesen