Wat ass de Muslim Ban?

Dës Woch huet den amerikanesche President mat sengem „Executive Order“ decidéiert, dass Mënschen aus Syrien, Iran, Sudan, Libyen, Somalien, Yemen an dem Irak während den nächsten 90 Deeg net méi an d´USA areesen dierfen. Dat huet weltwäit fir Opreegung a Protester gesuergt. Dofir wëlle mir dës Woch erklären ëm wat et beim „Muslim Ban“ geet a wat en „Executive Order“ iwwerhaapt ass.

Generell ass en „Executive Order“ eng Veruerdnung vum amerikanesche President, déi de Verwaltunge virschreift, wéi si ze schaffen hunn. Den amerikanesche President steet un der Spëtzt vun den nationale Verwaltungen an dowéinst mussen all Ministérie sech un deenen Uweisungen orientéieren.

Mä wat ass elo de „muslim ban“? Wéi schonn uewe geschriwwen, verbitt dësen Executive Order d´Areese vun de Mënschen aus de genannte Staaten. Leit mat zwou Nationalitéiten, wouvunner eng vun engem vun deene Staaten ass, sollen dee Pass weisen, deen am wéinegsten „suspekt“ ass. Zudeem kennen an den nächsten 90 Deeg keng Flüchtlinge méi an d´USA areesen. Dono solle chrëschtlech Flüchtlingen aus muslimesche Staate Virrang hunnZudeem ass d´Zuel vun de Flüchtlingen, déi opgeholl solle ginn, op 50.000 reduzéiert ginn.

Wéi gesot, huet dës Veruerdnung awer fir allerhand Kritik a Protester gesuergt, virun allem well vill Leit doranner eng gezielten Attack géint moslemesch Länner gesinn. A ville Stied an op de Fluchhäfe si Leit am Gaangen ze demonstréieren. An och Entreprisë kritiséieren de „Executive Order“, wéi Amazon oder Expedia.  Déi Entreprisen ënnerstëtzen de Justizminister vu Washington bei enger Uklo virum BundesgeriichtWährend deem huet och Starbucks ugekënnegt, iwwert déi nächst Jore wëllen 10’000 Flüchtlingen eng Aarbecht unzebidden.

Et stelle sech vill Leit d’Fro, ob dem President Trump seng Veruerdnung legal ass – well en Executive Order net dierf géint e Gesetz oder d’Konstitutioun verstoussen. Den „Immigration and Nationality Act“ vun 1965 verbitt zum Beispill d’Diskriminatioun op Grond vun den nationalen Originnen. Op d´mannst een Expert ass dowéinst der Meenung, dass dem President Trump säin Executive Order illegal wier. De President berifft sech allerdéngs beim Areesverbuet op ee Gesetz vu sengem Virgänger Obama. Et ass awer net kloer, ob den Trump hei dat selwecht mécht, wéi den Obama, well den Trump e generelle Verbuet géint e ganzt Land ausgesprach huet. Den Obama huet d´Visa-Prozedur fir déi Leit erschwéiert, déi no 2011 an déi betraffe Staate gereest waren.

De Rudi Giuliani, e Beroder vum Trump, deen un dësem Executive Order geschafft huet, sot, dass dëse sech net op d´Relioun konzentréieren géif, mä op d´terroristesch Gefor, déi vun dëse Länner ausgeet. Mä wat dorun net logesch schéngt ass, dass aner Länner aus deenen Terroriste komm sinn, déi an de leschten 30 Joer Attacken an Amerika ausgeüübt hunn, net op der Lëscht stinn. Sou steet zum Beispill Saudi-Arabien net op der Lescht, obwuel déi meescht Terroriste vum 11. September vun do komm sinn.

Et schéngt wéi wann Amerika zanter der Wahl vum President Trump vun Dag zu Dag méi gespalten gëtt. Esou niddreg Emfrowäerter, wéi den Trump hat nach kee President esou fréi a senger Amtszäit. An och esou grouss Protester sinn et net dacks ginn an der amerikanescher Geschicht. Wéi sech de „Muslim ban“ entwéckelt, bleift ofzewaarden, genau esou wéi nei Executive Orders vum neie President.

Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:

D´Folgen vum Donald Trump sengem Dekret: http://www.sueddeutsche.de/politik/reisebeschraenkungen-welche-konsequenzen-das-einreiseverbot-hat-1.3355971

D´amerikanesch Universitéiten an hier Forscher wieren sech dogéint: http://www.faz.net/aktuell/wirtschaft/us-universitaeten-wehren-sich-gegen-einreiseverbot-von-muslimen-14799530.html

Franséisch:

Eng Emstridden Emfro iwwert den Executive Order: http://www.lemonde.fr/donald-trump/article/2017/01/31/57-des-americains-approuvent-le-muslim-ban-un-sondage-a-prendre-avec-beaucoup-de-precautions_5072308_4853715.html

Sportwelt ass staark dovun betraff, och Candidature vun Los Angeles fir d´Olympesch Spiller 2024 ass an Gefor: http://www.liberation.fr/planete/2017/01/30/comment-le-decret-de-trump-touche-le-monde-du-sport_1545125

Englesch:

Och bei den Republikaner mecht sech esou lues d´Ongedold breet: http://www.independent.co.uk/news/world/americas/donald-trump-executive-order-muslim-ban-refugees-immigration-visas-impeachment-congress-senate-a7556351.html

Ass et een “muslim ban”? Reaktionen iwwert den Dekret: https://www.theguardian.com/us-news/2017/jan/28/trump-immigration-ban-syria-muslims-reaction-lawsuits

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: https://ixquick-proxy.com/do/spg/show_picture.pl?l=english&rais=1&oiu=http%3A%2F%2Fwww.telegraph.co.uk%2Fcontent%2Fdam%2Fnews%2F2017%2F01%2F30%2FMUSLIMBAN_CK_620-large_trans_NvBQzQNjv4BqqBYMlWmNSsYKmyFVDYjgrUHQvb2UFjW03QidnNDMhGA.jpg&sp=d2f227dabfd6028c15a66ca1aab080fa 

Bild 2: http://ichef.bbci.co.uk/news/624/cpsprodpb/52CA/production/_93849112_2801_trump_ban.png

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *