Wat ass de Kartellverdacht bei däitschen Autobauer?

Ënn Juli huet de Spiegel an Däitschland bericht, dass déi gréissten däitsch Autofirmen sech selwer bei der Police gemellt hätte well sinn e Kartell gebilt hätten. Mee wat ass e Kartell? Firwat ass dat strofbar? A wéi hänkt dës nei Entwécklung mam Diesel-Skandal zesummen?

Dem Spiegel no wieren alleguerten déi grouss däitsch Autobauer un dësem Kartell bedeelegt gewiescht: VW, Audi, Porschen, BMW an Daimler. Si sollen sech säit den 90er Joren iwwert Techniken, Käschten an Zouliwwerer ofgeschwat an domadder e Kartell gebilt. An engem Kartell treffe Firmen, déi onofhängeg vunenee sinn, gemeinsam Decisiounen déi als Zil hunn aner Competiteuren auszeschalten, d’Verkafspräisser ze erhéijen oder d’Akafspräisser ze verklengeren.

D’Idee ass déi folgend: wann déi gréissten Autosfirmen sech géifen eens gi fir eng gewëssen Zort vun Autoen zu engem méi héije Präis ze verkafe wéi bis elo, da kann all Firma vun dësem Extra-Gewënn profitéieren. Soulaang kee versicht en Auto zu engem méi niddrege Präis ze verkafen, kënnen d’Consommateure just den héije Präis bezuelen an all d’Autofirme gewannen. Ähnlech geet et bei Akafspräisser: wann all Autofirmen sech ofschwätze fir net méi wéi e gewësse Präis fir, zum Beispill, Pneuen ze bezuelen, huet de Liwwerant quasi keng aner Méiglechkeet wéi dee Präis ze akzeptéieren.

An et ass genau dowéinst wou e Kartell strofbar ass. Et “verzerrt” de Marché zum Profit vun eenzele Firmen an zum Nodeel vu Consommateuren an/oder Liwweranten. D’Idee vum wirtschaftleche Marché ass nämlech genau esou Verzerrungen ze vermeiden duerch d’Méiglechkeet dass en neie Competiteur entsteet deen Autoe vu selwechter Qualitéit zu engem méi niddrege Präis oder Autoe vu méi héijer Qualitéit zum selwechte Präis verkeeft.

Dem Spiegel no, sollen déi däitsch Autobauer esou e Kartell a verschiddensten techneschen Detailer gebilt hunn. Am Platz dass ëmmer besser Modeller entwéckelt goufe fir besser ze si wéi d’Konkurrenz, hunn d’Autobauer sech einfach op en technesche Standard gëeenegt. Dëst verzerrt de Marché a verhënnert technesch Innovatioun – alles zum Nodeel vum Consommateur.

En anert brisant Detail ass dass d’Autobauer an dësen Ofsproochen och iwwert Tanke vun “AdBlue” ofgeschwat hunn. Dësen “AdBlue”-Stoff gëtt benotzt fir Stéckstoff opzeléisen an esou méi harmlos ze maachen. Deemools sollen d’Autobauer sech op e klengen Tank ofgeschwat hunn, deen dunn net méi grouss genuch war fir d’Emweltwäerter anzehalen an d’Tricksereie vum Diesel-Skandal néideg gemaach huet.

Well däitsch Autoen och immens am Ausland beléift sinn an dës Noriicht deemno quasi all Land an der EU betrëfft, well d’EU-Kommissärin fir Verbraucherschutz e Gesetz proposéieren dat europawäit Sammelkloen erméigleche géif. Dëst soll och hëllefe fir dass net all eenzel Justizsystem sech muss mam selwechte Fall befaassen.

Déi däitsch Autobauer stinn also am Zentrum vun engem weidere Skandal, deen awer och a Verbindung steet mam Diesel-Schwindel. Déi däitsch Autobauer sinn awer bei wäitem net déi eenzeg déi ënnert Verdacht stinn e Kartell gebilt ze hunn. Nach dëst Joer goufen e puer Cargo-Fluchgesellschafte vun der EU veruerteelt wéinst enger Kartell-Bildung. En anert bekannt Beispill wat vill Leit als Kartell ugesinn ass d’OPEC, eng Organisatioun vu 14 Staaten déi Ueleg produzéieren an déi op hire Meetingen och hir Produktioun ofschwätzen. Ze verstoe wat e Kartell ass, ass also net just wichteg fir de momentane Skandal em déi däitsch Autobauer ze verstoen.

 

Artikelen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Dem Spiegel deen de Kartellverdacht fir déi éischte Kéier opgedeckt huet.

http://www.spiegel.de/wirtschaft/soziales/volkswagen-audi-porsche-bmw-und-daimler-unter-kartellverdacht-a-1159052.html

– 9 Fakten zum Skandal em déi däitsch Autobauer.

http://www.huffingtonpost.de/2017/07/22/kartell-verdacht-autobauer-fakten_n_17558034.html

Franséisch:

– En Artikel zu den Detailer vum Kartellverdacht.

http://www.lefigaro.fr/societes/2017/07/24/20005-20170724ARTFIG00070-la-commission-europeenne-examine-un-possible-cartel-automobile-allemand.php

– En Artikel iwwert e bekannte Kartell a Frankräich – “le cartel de la lessive”.

http://www.lemonde.fr/economie/article/2011/12/08/amende-record-pour-le-cartel-de-la-lessive_1614690_3234.html

Englesch:

– En Artikel deen an den Detail vum Kartellverdacht géint déi däitsch Autobauer geet.

http://www.politico.eu/article/das-auto-kartell-more-questions-than-answers/

– Eng Erkläerung zu “Kartell” – mat engem 1-minütege Video als Verdäitlechung.

http://www.investopedia.com/terms/c/cartel.asp

 

Sourcen vun de Biller:

Bild 1: https://specials-images.forbesimg.com/imageserve/621887570/960×0.jpg?fit=scale

Bild 2: https://www.welt.de/img/wirtschaft/mobile166889194/5011358297-ci16x9-w1280/Automarken.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *