Wisou wëll den Donald Trump Jerusalem als israelesch Haaptstad unerkennen?

Fir den Donald Trump war et virun allem d’Ëmsetzung vun engem Wahlverspriechen, dat bei verschiddenen amerikanesche Wieler scho méi laang populär ass. Weltwäite Protest war awer d’Äntwert op seng Ukënnegung, Jerusalem offiziell als israelesch Haaptstad unzëerkennen. Fir déi meescht Staaten heescht déi nach ëmmer Tel Aviv – sou och fir Lëtzebuerg –  a besonnesch an der islamescher Welt ass dës Decisioun op méi wéi Kapprësele gestouss. Wisou féiert dës Stad säit Joerdausenden zu Doudegen?

Hannert de politesche Grënn verstoppe sech Dausende Jore Geschicht: laut der  helleger jiddescher Schrëft, der Tora, wier d’Stad virun 3000 Joer Haaptstad vum israelesche Kinnekräich ginn. An där Zäit wieren och Tempele gebaut ginn, déi an der jiddescher Relioun eng zentral Roll spillen. Dowéinst ass de Judden d’Gebiet bei der Klagemauer haut nach sou wichteg – si war een Deel vun deene Gebailechkeeten. Zéng Minutten ze fouss vun der Klagemauer läit d’Grabeskirche, wou no chrëschtlecher Iwwerliwwerung de Jesus gekräizegt a begruewe gouf. A fënnef Minutte vun do läit d’Al-Aqsa-Moschee, eent vun de wichtegsten Hellegtemer vum Islam. Ier d’Moslemen sech fir hir Gebieder Richtung Mekka gedréint hunn, hunn se dat Richtung Jerusalem gemaach.

D’Stad ass also immens wichteg fir déi dräi Reliounen, an dat huet zu enger mouvementéierter Geschicht gefouert: Déi jiddesch Opstänn aus der réimescher Zäit, déi chrëschtlech Kräizzich géint dat moslimescht Jerusalem am 11. Joerhonnert, d’Onrouen wéi d’Britten Meeschter waren – si all sinn e puer besonnescht bluddeg Momenter an enger bluttrouder Geschicht. Mat de Britten fänkt och déi modern Geschicht vu Jerusalem un: Si hunn d’Stad 1917 no 400 Joer osmanescher, also moslemescher Herrschaft iwwerholl bis 1947. Also bis direkt nom Krich, wéi vill Judden virun den Abscheilechkeete vum Weltkrich an Israel geflücht sinn. D’Vereente Natiounen haten nämlech virgesinn aus engem Deel vum haitegen Israel e moslemescht Land – “Palestina” – ze maachen, an aus deem aneren de jiddesche Staat “Israel”, deen och zu 1948 zu Tel Aviv ausgeruff gouf.

Wéinst senger komplizéierter Geschicht an der Präsenz souwuel vu Judden wéi vu Moslemen, déi säit Joerhonnerten do gewunnt hunn, krut Jerusalem nämlech e spezielle Status. Deen huet awer net laang gehalen, Israel huet Usproch op Jerusalem als seng “ongedeelten” Haaptstad erhuewen, an dat och iwwert d’Joren mat Kricher duerchgesat. “Ongedeelt” heescht awer mat de moslemeschen Hellegtemer an der Alstad, an dat huet ëmmer nees (Géige-)Gewalt vu moslemescher Säit gestouss.

Israel nennt also scho säit enger Zäit Jerusalem seng Haaptstad, ënnert anerem säi Parlament ass do. Well quasi kee Staat direkt Partei fir Israel oder Palestina ergräife wëll, ass fir déi international Gemeinschaft awer nach ëmmer Tel Aviv d’Haaptstad, dowéinst sinn do och d’Ambassaden vun deene meeschte Länner. Dat erlaabt ville Staaten sech als neutral diplomatesch Vermëttler an dësem Konflikt virzeschloen.

Och wann den amerikanesche Kongress scho 1995 e Gesetz gestëmmt huet fir d’Ambassade op Jerusalem ze verleeën, kann den amerikanesche Präsident all halleft Joer säi Veto dozou aleeën fir dass dat net geschitt. Dat huet zënterhier all President gemaach, och den Donald Trump schonn eng Kéier. Dës Kéier awer net méi, an elo riskéiert Jerusalem eng weider bluddeg Zäit z’erliewen: verschidde Säiten hunn zu engem risegen Opstand, enger “Intifada” opgeruff. Déi lescht Intifada – wéinst der Al-Aqsa Moschee ausgeléist a no hir benannt – ass 2005 op en Enn komm an huet Jerusalem nees dausende Leit d’Liewe kascht.

 

Artikele fir weider ze liesen:
Däitsch:

Erkläerunge fir dem Trump seng Décisioun vun der “Neue Zürcher Zeitung”:

https://www.nzz.ch/international/warum-sich-trump-dem-pulverfass-jerusalem-annimmt-ld.1336291

Weider Erklärungen vun der “Deutchen Welle”:

http://www.dw.com/de/was-trump-im-jerusalem-streit-antreibt/a-41727185

Franséisch:

Ee bësse méi alen awer immens opschlossräiche Video iwwert d’Situatioun an Israel (och op Däitsch disponibel):

https://www.youtube.com/watch?v=EJ3KlZTTzoY

E puer Erklärunge vun “Le Monde”:

http://www.lemonde.fr/les-decodeurs/article/2017/12/08/jerusalem-pourquoi-la-reconnaissance-par-trump-pose-t-elle-probleme_5226496_4355770.html

Englesch:

Der “New York Times” hire Point de Vue zu dësem Thema:

https://www.nytimes.com/2017/12/09/world/middleeast/jerusalem-trump-capital.html

D’Reaktioun vun Europa, aus dem “Guardian”:

https://www.theguardian.com/world/2017/dec/11/eu-to-step-up-efforts-over-middle-east-peace-process

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: https://www1.wdr.de/stichtag/stichtag8820.html

– Bild 2: http://cdn.cnn.com/cnnnext/dam/assets/171206130942-trump-jerusalem-announcement-exlarge-169.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *