Wourëms geet et am Handelskrich tëscht China an den USA?

Schonn Ufanks Mäerz huet den US-President Donald Trump vu 25% op Importer vu Stol an 10% op Importer vun Aluminium, fir all Länner, déi mat den USA handelen, anzeféieren. An deene leschte Woche gëtt mëttlerweil scho vun engem Handelskrich tëscht den USA a China geschwat. Wei huet sech dëst Situatioun entwéckelt? An wourëms geet et iwwerhaapt an engem Handelskrich?

En Handelskrich kann ee verstoen als eng Aart Kettereaktioun vu politeschen Initiativen, déi doranner bestinn, dass bestëmmte Länner sech géigesäiteg ëmmer méi Handelsrestriktiounen imposéieren. Dëst Kettereaktioun fänkt domadder un, dass ee Land nei Reegele fir den Handel mat engem anere Land aféiert. Zum Beispill kenne Länner den Import vu bestëmmte Produkter begrenzen, oder ebe Stroftaxen op Produkter vun engem bestëmmte Land aféieren. Am schlëmmsten si Sanktiounen, wou et verbuede gëtt, fir Produkter aus engem bestëmmte Land ze importéieren.

Fir Handelskricher ze vermeiden, gi Länner ënnert anerem Handelsofkomme mateneen an. Dat heescht, si eenegen sech op bestëmmte Konditiounen, déi en fairen Handel tëscht hinne garantéiert, sou wéi zum Beispill d’EU Fräihandelszone.

Di amerikanesch Tariffer op Stol an Aluminium bedeiten, dass et fir amerikanesch Konzerner méi deier gëtt, zum Beispill Stol aus China wei Stol an Amerika ze kafen. Et rentéiert sech also net méi fir amerikanesch Konzerner Produkter aus China ze importéieren. D’Stroftaxe sollten am Ufank fir all Länner, déi mat den USA handelen, gëllen.

Ma nodeems d’Moossnam vun der Welthandelsorganisatioun staark kritiséiert ginn ass a Länner ugefaangen hunn Stroftaxen op amerikanesch Produkter anzeféieren, huet den Trump Enn Mäerz decidéiert d’Tariffer fir bestëmmte Länner, ënnert anerem fir d’Europäesch Unioun, falen ze loosse – awer just bis den 1. Mee 2018. Duerno sollen d’Taxen awer fir dëst Länner agefouert ginn, wann si bis dohinner näischt un hiren Handelstaktik änneren.

Fir China, momentan déi zweet gréisst Wirtschaft vun der Welt, gëllen d’Stroftaxen awer nach ëmmer. Méi genau ware fir d’eicht 1300 chinesesch Produkter an engem Gesamtwäert vu ronn 50 mia US-Dollar d’Joer betraff. Als Géigemoossnam huet China fir d’eicht eng Stroftaxe op 128 amerikanesch Produkter geluecht, déi den 2. Abrëll a Kraaft getrueden ass. De chinesesche President, Xi Jinping, huet spéider mat enger Stroftaxe op weider 106 Produkter gedroht, ënnert anerem op Sojabounen, déi wichteg si fir déi amerikanesch Landwirtschaft.

Spéitstens huet den Trump China mat weideren Taxen an engem Wäert vu 100 mia. Dollar gedroht. Dëst zwou Drohungen si fir de Moment nach net agefouert ginn. D’Moossnam war schonn en Deel vum Trump senger Wahlcampagne an 2016, wou hie versprach huet verschidden Handelsofkomme fir d’USA nei ze verhandele fir
déi amerikanesch Ekonomie ze stäerken. D’Tariffer sollen déi amerikanesch Industrie an Ekonomie beschützen, virun allem vu ‘onfaire Chineseschen Handelsmetoden’, sou den Trump.

Fir Kritiker vun deenen ëmstriddenen Tariffer, drécken d’Taxen awer d’Präisser vu Konsumgüter an d’Luucht a loossen Aarbechtsplazen ënner anerem a China verschwannen.

Wei geet et weider? En Handelskrich kann ofgeschloss ginn, doduercher dass déi Länner, déi am Konflikt sinn, sech dorop eenegen, fir d’Handelsrestriktiounen erëm zeréckzezéien an en neit Handelsofkommes aginn. An dësem Kontext kann d’Welthandelsorganisatioun eng wichteg Roll spillen, well hier Memberen nei Handelsofkomme unerkenne muss fir dass dëst a Kraaft triede kennen.

Artiklen fir weider ze liesen:
Däitsch:

– Eng Erklärung zu deenen éischten amerikanesch Stroftaxen op chinesesch Produkter (mat Film)

http://www.zeit.de/wirtschaft/2018-03/handel-china-usa-importzoelle-donald-trump 

– Artikel iwwert déi chinesesch Géigemoossname, mat engem klengen Film an enger Chronik iwwert den Handelskrich

Franséisch:

– Eskaléieren vum Handelskrich tëscht USA an China Ufanks Abrëll

Englesch:

– En Artikel iwwert wei et kéint weidergoen an wéi d’Stroftaxen déi chinesesch an amerikanesch Wirtschaft beaflossen géingen

http://www.bbc.com/news/business-43715084

– En allgemengen Iwwerbléck mat Erklärungen zu verschidden Konzepter an Problematiken am Handelskrich

 

Sourcen vun de Biller:

– Bild 1: http://www.bbc.com/news/business-43715084

– Bild 2: http://i2.cdn.turner.com/money/dam/assets/170630140836-steel-tariff-780×439.jpg

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *