Pressefräiheet a Gefor?

De leschte Freide war den Dag vun der Pressefräiheet. D’Reporter ohne Grenzen hunn Lëtzebuerg op déi 17. Platz vun 180 placéiert. Wéi wichteg eng fräi an onofhängeg Press- a Medielandschaft ass gitt dir dës Woch am Artikel gewuer.

Den Europarot huet am Ufank vum Joer dorop opmierksam gemaach, dat d’Pressefräiheet an Europa ëmmer méi a Gefor ass. 140 Journaliste sinn duerch hir Aarbecht eescht blesséiert ginn. 130 Journalist sëtzen am Prisong dovun alleng 110 an der Tierkei. Als Beispiller kann een aus dem Rapport, een Attentat op eng Journalistin zu Montenegro, eng Messerattack op ee Journalist zu Mailand oder eng Attack mat Gëft bei enger ukrainescher journalistescher Entreprise ervirhiewen. De Journalist Jamal Khashoggi ass brutal wéinst senger kritescher Arabescht am Konsulat vu Saudi-Arabien an Istanbul ermort ginn. Den Europarot huet aktuell 47 Memberen an de Generalsekretär fuerdert, dat si fir eng fräi a kritesch Aarbescht d’Journalisten besser protegéieren  sollen.

Lëtzebuerg gouf de leschte Freide vun der NGO „Reporter ohne Grenzen“ op déi 17. Platz vun am Ganzen 180 placéiert. Mee och zu Lëtzebuerg hunn d’Journalisten et net liicht. Déi lëtzebuergesch Press ka mat villen onfaire Methoden ënner Drock gesat ginn. Zum Beispill gi verschidde Journalisten ënner Drock gesat andeems si mat Geriichtsprozesser bedréit ginn. Och finanziell sinn déi lëtzebuergesch Zeitunge vum Staat an och vun de Publicitéiten ofhängeg. Dowéinst kënne verschidde grouss Entreprisen den Zeitungen hir finanziell Lag beaflossen, wann si keng Annoncë méi an den Zeitunge placéieren. Säit Jore stellen d’Journalisten d’Fuerderung fir een Informatiounszougangsgesetz. Domat sollen d’Journalisten d’Recht kréien op den Zougang zu wichtegen Informatioune vun nationalen Institutiounen. Mee net nëmmen zu Lëtzebuerg ginn et Problemer fir eng fräi Press ze garantéieren.

An Estland huet déi rietspopulistesch Regierungspartei EKRE (estnësch konservativ Vollekspartei) Journaliste bedréit a „Propagandisten“ genannt. Si fuerderen och Journalisten aus dem ëffentlech-rechtleche Sender ERR erauszegeheien.

Och an Éisträich, wou vill Lëtzebuerger gäre Vakanz maache sinn d’Journalisten a virun allem den ORF ënner Drock. Déi éisträichesch rietspopulistesch Regierungspartei FPÖ attackéiert oft den éisträicheschen ëffentlech-rechtleche Sender ORF. Deen bekannte Journalist Armin Wolf huet de Spëtzekandidat fir d’FPÖ Harald Vilimsky an engem Interview mat engem Cartoon vun der FPÖ-Jugendorganisatioun  konfrontéiert. Am Cartoon war eng antisemitesch Duerstellung vun enger NS-Zeitung. De Journalist wollt wëssen, wat seng Meenung dozou wier. Déi Fro huet de Politiker awer net appreciéiert an huet dem Journalist an och dem ORF mat Konsequenze gedréit.

Rietspopulistesch Parteien attackéieren d’Medien oft  als „Lügenpresse“ oder als net objektiv. Si argumentéieren och, dat déi sougenannte „political correctness“  verbitt verschidden Themen iwwerhaapt unzeschwätzen. Engersäits Fuerderen si ee méi objektive Journalismus an anerersäits wëllen si selwer entscheede wien wat schreiwen dierf.

D’Medien hunn als Funktioun d’Ëffentlechkeet z’informéieren. Eng Demokratie braucht d’Protektioun vun der Pressefräiheet, wëll doduerch kann een seng Meenung fräi soen. D’Leit kënnen sech hir eege Meenung duerch eng kritesch Press bilden an iwwert Mëssstänn opgekläert ginn. Eng Gesellschaft kann sech just eng fräi Meenung mat enger fräier, onofhängeger a kritescher Press iwwert Politik, Wëssenschaft, Sport a vill aner Theme bilden.

 

Bild1:https://www.deutschlandfunk.de/pressefreiheit-in-der-tuerkei-journalisten-muessen-staendig.694.de.html?dram:article_id=385242

Bild2:https://www.reporter-ohne-grenzen.de/rangliste/2019/

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *