Den Rapport vum Weltklimarot ass alarméierend

Auteur: Max Fisch

Vum 20. Bis de 23. September huet sech den IPCC (=Intergovernmental Panel on Climate Change), och nach Weltklimarot genannt, zu Monaco fir den sougenannten SROCC (=Special Report on the Ocean and Cryosphere in a Changing Climate) getraff an deen och dono verëffentlecht. Et handelt sech hei em en extraen Bericht deen sech mat den Ozeanen an der Kryosphär befaasst. Mee wat ass den Weltklimarot genau? Wou kennt en hir, aus wiem besteet en an wat ass seng Aufgab? Do dernieft wäert och den SROCC bëssen méi genau ënnert d’Lupp geholl ginn, wat doranner steet an wat d’Publikatiounen vun Monaco ze bedeiten hunn.

Wat ass den IPCC?
Den Weltklimarot ass den 6. Dezember 1988 duerch Zesummenaarbecht vun der WMO (=World Meteorological Organization) an der UNEP (=United Nations Environment Programme) entstanen an zielt 195 Memberen. D’Länner ginn un hiren jeeweilegen Regierungen representéiert. D’Zill vun der Organisatioun ass et fir seng Memberen iwwert d’aktuell Situatioun vum Klima an der Ëmwelt ze informéieren an ze probéieren viraus ze soen, wéi sech d’Klima veränneren wäert an wéi eng Konsequenzen dat kéint hunn. Deementspriechend spillt den IPCC eng grouss Roll an den internationalen Bezéiungen well d’Klimaziler oft nëmmen duerch Zesummenaarbecht zweschend den verschiddenen Memberen ze areechen sinn.
Säit Oktober 2015 steet den Weltklimarot ënnert der Leedung vum Hoesung Lee, engem südkoreaneschem Ökonom. Vereinfacht erkläert ass den IPCC an 4 verschidden Gruppen opgedeelt, dovunner 3 „Working Groups“ an eng „Task Force“. Déi vereenzelt „Working Groups“ hunn verschidden Aufgaben, wéi zum Beispill d’Ausrechnen vun den Impakter vum Klimachangement oder d’Recherche vun Mëttelen fir d’Impakter ze reduzéieren. D’Aufgab vun der „Task Force“ besteet virun allem doranner d’Gas Emissiounen vum Zäreneffekt ze berechnen.

Den SROCC vun Monaco
Wéi schonn ugedeit gouf, huet sech den IPCC am September zu Monaco fir hir 51. Plenarsëtzung (=Versammlung wann all eenzel Memberstaat vertrueden ass an wou déi grouss an wichteg Decisiounen gestëmmt ginn wéi zum Beispill d’Wahl vum Hoesung Lee an sengen Virgänger) getraff. Zu Monaco goung et awer net em d’Wahl vun engem Nofolger vum Lee mee em den „Special Report on the Ocean and Cryosphere in a Changing Climate”. Am Mëttelpunkt vun dësem Rapport stinn ënner anerem déi grouss Biergregiounen, d’Schmëlzen vun den Gletscher oder och nach d’Klammen vum Mieresspigel.
An hirem Rapport vun Monaco ënnersträicht den IPCC dass den Klimawandel riskéiert ëmmer méi geféierlech Naturkatastrophen mat sech ze bréngen. Laut dem Weltklimarot wäerten ab 2050 déi éischt Hafestied sou wéi och kléng Inselgruppen extrem mam klammenden Mieresspigel ze kämpfen hunn an riskéieren fréier oder spéider komplett iwwerschwemmt ze ginn. Nodeems 2 Joer un dësem Rapport geschafft gouf, gouf och nach eng Kéier däitlech dass d’Äerderwiermung duerch d’Mënschen verursaacht gëtt an dass dass den Mieresspigel sou wéi och Duerchschnëttstemperatur an den leschten Joren méi schnell geklommen sinn wéi et nach am 20. Joerhonnert den Fall war. Fir des dramatesch Entwécklungen ze stoppen weist den IPCC drop hin dass mir alleguerten zesummeschaffen mussen an dass mer sou schnell wéi méiglech d’Ausstoussen vum Zäregas reduzéieren mussen.

 

Artikelen fir wieder ze liesen:

Däitsch:

https://www.klimafakten.de/meldung/der-ipcc-ein-kurzportraet-teil-1

https://www.de-ipcc.de/252.php

Franséich:

https://tinyurl.com/Monaco-Rapport

https://tinyurl.com/Rapport-crucial

Englesch:

https://tinyurl.com/IISD-About

https://tinyurl.com/IPCC-Info

 

Sourcë vun de Biller:

https://tinyurl.com/y3c8dqzl

https://tinyurl.com/y67hsq89

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *