Wéi schlëmm sinn d’Bëschbränn op der Welt?

Säit dem Summer sinn d’Bränn vun der Amazonasgebitt duerch déi ganz Medielandschaft present. Mee ëm wat geet déi ganz Diskussioun a wat bedeiten déi Bränn allgemeng? Dat gitt dir am Artikel vun der Woch gewuer.

D’Welt kuckt op Latäinamerika, ob d’Bränn vum Reebësch, déi aktuell virun allem a Brasilien sinn. Mee et brännt och op anere Platze vun der Welt. An Afrika si massiv Bëschbränn, Indonesien an och a Russland, déi sibiresch Taiga. D’Bëschbränn hunn a Russland zum Beispill eng Gréisst vun zirka 11 Milliounen Hektar. D’Ëmweltschutzorganisatioun Greenpeace huet matgedeelt, dat säit Ufanks dem Joer scho knapp 15 Milliounen Hektar Bësch verbrannt sinn.

dpa-Bildfunk

D’Bränn setze grouss Volumme vu CO2 fräi, wat de Klimawandel beschleunegt. Zudeem kënnen déi verbrannten Deeler vum Bësch keen ëmweltschiedleche CO2 méi späicheren. Well de Reebësch vum Amazonas eng vun deene wichtegsten Ökosystemer ass, ass d’Klima an och d’Aartendiversitéit a Gefor.

Mee wou besteet den Ënnerscheet vum Bëschbrand am Amazonasgebitt a vun de Bränn an Afrika? Fir dat ze verstoe muss een sech froen, wat déi natierlech Ëmstänn sinn. An den afrikanesche Länner bränne Savannen. Dat si meeschtens verschidde Grieser, déi schnell Feier fänke kënnen. Duerch déi Bränn entsteet erëm Dünger, an d’Grieser kënne séier nees nowuessen. Dat ass aneschters bei engem Bësch, Bëschbränn sinn och natierlech a si fir de Kreeslaf vun der Natur wichteg, mee d’Bëschbränn ginn et ëmmer méi oft a méi grouss. Doduerch ginn déi schonns beschriwwe wichteg an nëtzlech Funktioune vum Bësch verluer. D’Déiere verléieren hire Liewensraum n de Bësch brauch Joerzéngten, bis en sech ëm erholl huet. Eng Savanne wiisst einfach méi séier no, wéi ë Bësch, mee dowéinst sollen déi Bränn an Afrika net verharmloost ginn. De Reebësch beim Amazonas späichert méi CO2, wéi d’Savanne an Afrika. Generell späichere Bëscher, déi net vum Mënsch beaflosst goufen, méi CO2. Dowéinst ass de Reebësch esou wichteg.

D’Grafik wéist un, wou et iwwerall brennt.

Et brennt och a Sibirien, eng Regioun a Russland. Am Summer ass de Buedem normalerweis dat ganzt Joer gefruer. Och do si Bëschbränn am Summer normal, mee och hei sinn déi Bränn méi grouss an dauere méi laang. De Buedem ass gefruer, dat ass wichteg, well de Buedem an der Géigend vill CO2 späichert an och well sech am Buedem vill Rechter vu Planzen an Déiere befannen. Wann déi Bränn méi staark ginn an d’Klima sech verännert, kann et zu Sibirie méi waarm ginn. Dat huet als Effet, dat CO2 aus dem Buedem fräigesat gëtt an dat déi natierlech Iwwerreschter sech mat der Hëllef vu Bakterien zersetzen. Dat setzt enorm Quantitéite CO2 a Methan fräi, wat d’Klima immens staark beaflosse kann.

A Brasilien gi vill Bränn bewosst geluet, fir Land ze gewannen. Dat néi gewonne Land gëtt da fir den Ubau vun Déierefudder, Soja oder fir d’Fleeschproduktioun genotzt. Och wann d’Welt op de brasilianesche President Jair Bolsonaro wéisst, sinn d’Liewensgewunnechte vun äiser Gesellschaft eng vu villen Ursaachen.

 

Sourcë vun de Biller

Bild1:https://www.tagesschau.de/ausland/hintergrund-amazonas-101.html

Bild2:https://www.spiegel.de/wissenschaft/weltall/waldbraende-im-amazonas-die-groessten-feuer-der-welt-wueten-woanders-a-1283437.html

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *