Bundestagswalen an Däitschland

Max Fisch

 

De 26. September huet béi onsen däitschen Noperen d’Wal vir hiren 20. Bundestag statt fonnt. Et war déi éischte Kéier dass d’Angela Merkel no 16 Joer als Bundeskanzlerin net méi als Spëtzekandidat vir d’CDU/CSU matgaangen ass.

Ween waren d’Kandidaten?

D’Union huet dës Kéier den Armin Laschet an d’Renne geschéckt. Weider wichteg Spëtzekandidate waren den Olaf Scholz vir d’SPD, d’Annalena Baerbock vir d’Bündnis 90/Die Grünen an de Christian Lindner vir d’FDP. Anescht ewéi zu Lëtzebuerg mussen d’Bierger an Däitschland net wiele goen. Dëst Joer hunn 76,6% vun de Walberechtegten de Wee an d’Kabinne fonnt vir hier Stëmm ofzeginn.

Wéi ass et ausgaangen?

Mat engem historesch schlechtem Prozentsaz gehéiert d’Union mam Laschet zu engem vun de grousse Verléiere vun de Walen. Si kommen op 24,1% a verléiere bal 9% am Verglach zu 2017. D’SPD krute mat 25,7% déi meescht Stëmmen, gewannen iwwer 5% a gehéiere ganz kloer zu de Gewënner. Déi Gréng mam Baerbock konnten hir héisch Prognosen aus dem Fréijoer zwar net hale mee areeche mat 14,8% dat beschte Resultat dat se jee haten. D’FDP kommen op 11,5% (+0,8%) a bleiwen domadder ongeféier um nämmlechten Niveau wéi 2017. Ze bemierken ass och nach dass déi Lénk 4,3% verléieren a just nach op 4,9% kommen. Des weideren huet d’AFD zwar am Osten un Stëmme gewonne mee verléiert insgesamt iwwer 2% a kennt nach op 10,3%.

An elo?

Nodeems et 2013 an 2017 zweemol hannerteneen zu enger sougenannte grousser Koalitioun mat der SPD an der CDU/CSU komm ass, gesäit et dëst Joer net esou aus wéi wann dëst nach eng Kéier de Fall wäert sinn. Momentan dierf een dovunner ausgoen dass déi Gréng an d’FDP entweeder mat der SPD oder der Union déi nächst Regierung bilde wäert.

Säit dem éischten Daach no de Wale lafen zwëschend de 4 genannte Parteie  Sondéierungsgespréicher. Et handelt et sech em Diskussiounen an deenen d’Parteie rausfannen, op se sech bei deene groussen a wichtege Froen eens ginn, vir kennen eng Koalitioun ze grënnen. Wann dat klappt kennt et dono zu Koalitiounsgespréicher, an deenen d’Parteien hire Programm zesummen am Detail opbauen. No deem Schratt ginn d’Koalitiounsverträg ënnerschriwwen an d’Regierung vir déi nächst 4 Joer forméiert.

Vue dass d’SPD an d’Union net genuch Stëmme krute vir eng Regierung eleng op d’Been ze stellen a well se wéi gesot och schonn ugekënnegt hunn dass se net méi zesummen an eng Koalitioun goe wëlle steet fest, dass déi Gréng et d’FDP zesummen decidéiere kennen, mat wiem si an Zukunft regéiere wëllen. Dofir hunn sech déi zwou Parteien och direkt Méindes no de Wale vir éischt Diskussioune getraff. Elo bleift ofzewaarde wat bei de Sondéierungsgespréicher mat der SPD an der Union erauskomme wäert. Mat grousser Warscheinlechkeet wäert et entweeder zu enger Ampelkoalitioun (SPD, FDP an déi Gréng) oder zu enger Jamaikakoalitioun (CDU/CSU, FDP an déi Gréng) kommen. Eng Woch no de Walen ass et awer nach schwéier viraus ze soen, wéi et elo genau wäert weider goen. 2017 hunn sech  d‘Sondéierungs- an d’Koalitiounsverhandlunge laang gezunn sou dass den Koalitiounsvertrag zwëschend der CDU/CSU an der SPD réischt de 16. Dezember ënnerschriwwe gouf. Et dierf een also gespaant sinn wéi laang et des Kéier dauere wäert a mat wiem déi Gréng an d’FDP sech zesummen doe wäerten. Deementspriechend wäert entweeder den Olaf Scholz vun der SPD oder den Amin Laschet vun der Union den nächste Bundeskanzler.

 

Däitsch:

tinyurl.com/BundestagswalenDE

tinyurl.com/BundestagswalenDE2

Englesch:

tinyurl.com/BundestagswalenEN

tinyurl.com/BundestagswalenEN2

Franséich:

tinyurl.com/BundestagswalenFR

tinyurl.com/BundestagswalenFR2

 

Source vun de Biller:

Bild1:tinyurl.com/Sondierungsgespraeche

Bild2:tinyurl.com/Bundestgw

 

 

 

 

 

 

Bookmark the permalink.

Leave a Reply

Your email address will not be published. Required fields are marked *