Bundestagswalen an Däitschland

Max Fisch   De 26. September huet béi onsen däitschen Noperen d’Wal vir hiren 20. Bundestag statt fonnt. Et war déi éischte Kéier dass d’Angela Merkel no 16 Joer als Bundeskanzlerin net méi als Spëtzekandidat vir d’CDU/CSU matgaangen ass. Ween waren d’Kandidaten? D’Union huet dës Kéier den Armin Laschet an d’Renne geschéckt. Weider wichteg Spëtzekandidate waren den Olaf Scholz vir d’SPD, d’Annalena Baerbock vir d’Bündnis 90/Die Grünen an de Christian Lindner vir d’FDP. Anescht ewéi zu Lëtzebuerg mussen d’Bierger an Däitschland net wiele goen. Dëst Joer hunn 76,6% vun de Walberechtegten de Wee an d’Kabinne fonnt vir hier Stëmm ofzeginn. Wéi ass et ausgaangen? Mat engem historesch… Weiderliesen

China um Wee zur Weltmuecht

A500 Wierder iwwert den RCEP, de gréisste Wirtschaftsraum weltwäit No bal aacht Joer Verhandlungen hunn 15 Länner aus der asiatesch-pazifescher Regioun, dorënner China, Japan, Südkorea an Australien, de gréisste Fräihandelsvertrag weltwäit ënnerschriwwen. D’Ofkierzung RCEP steet fir „regional comprehensive economic partnership“ oder op lëtzebuergesch, een ëmfaassend regionaalt Wirtschaftsofkommes. Déi asiatesch-pazifesch Regioun begréisst den Ofschloss vum Traité. Verschidde Medien aus dem asiatesche Beräich schwätze vun engem Joerhonnert-Ofkommes. Esou soll iwwer déi nächst 20 Joer Handelsbarrièren ofgebaut ginn. D’Ziler vum RCEP hunn am Verglach zum EU-Binnenmarkt an der nordamerikanescher Fräihandelszon manner Ambitiounen, wat Wäerter, Ëmwelt oder Nohaltegkeet ubelaangt, mee d’Dimensioune vum RCEP sinn enorm. Ee Véierels vun der Weltbevëlkerung, circa 2,2 Milliarde Mënschen, liewen an… Weiderliesen

Juristesch Nospiller

Wat no der US-Presidentschaftswal op den Donald Trump zoukënnt De Walkrimi an den USA ass eriwwer, de Joseph Robinette Biden, Jr. kuerz Joe Biden ass President-elect an den zukünftege 46. President vun den USA. Gläichzäiteg ass              d´Kamala Devi Harris als éischt Fra als Vize-Presidentin gewielt ginn. Elo muss den Joe Biden nach de 14. Dezember vun sengen 290 Walmänner a -frae gewielt ginn. Esou kann de Joe Biden vun der Demokratescher Partei de 20. Januar 2021 als neien US-President vereedegt ginn. Bis dohi waren déi US-Walen eng Achterbunn vun de Gefiller, et huet am Ufank esou ausgesinn, wéi wann d’Walen net esou… Weiderliesen

Een alen, neie Krich

Säit Woche falen nees Bommen op Stepanakert, d’Haaptstad vun der Regioun Bergkarabach. Vill Mënsche si scho säit dem Konflikt ëm d’Liewe komm, well Armenien an Aserbaidschan déi ëmstridde Regioun Bergkarabach fir sech beusprochen. Wat ass d’Regioun Bergkarabach? D’Tensiounen tëscht Armenien an Aserbaidschan leie scho bal 30 Joer zeréck. Déi zwee Kaukasus-Staate waren een Deel vun der Sowjetunioun a goufen als „Uniounsrepubliken“ bezeechent, well hinnen eng kleng politesch Autonomie zougesprach gouf. D’Regioun Bergkarabach ass am Aserbaidschan a bedeit „schwaarze Gaart“. An der Kaukasus-Regioun liewen haaptsächlech Armenier, dowéinst huet 1988 dat regionaalt Parlament Bergkarabach beschloss, sech Armenien unzeschléissen. Dat huet Aserbaidschan net… Weiderliesen

Nout zu Lesbos

D’europäesch Migratiounspolitik an Äschen Déi onmënschlech Situatioun an de Flüchtlingscampen op de griicheschen Inselen hu sech leider net verbessert, mee si si wéinst dem Coronavirus aus de Medie verschwonnen. Wéi d’Flüchtlingslager bei Moria op der Insel Lesbos a Brand geroden ass, gëtt Europa erëm op déi fatal Situatioun vun de Réfugiéën opmierksam gemaach. Oneenegkeet a kee Versteesdemech – d’europäesch Flüchtlingspolitik zanter 2015: Bis haut hunn déi 27 EU-Staaten et net fäerdeg bruecht, eng eenheetlech Flüchtlingspolitik op d’Been ze stellen. Keng Léisunge fir eng Protektioun vun den EU-Baussegrenzen, d’Sécherstelle fir mënschewierdeg Logementer an den Opnaamezenteren, eng Sécherung vun der finanzieller Ënnerstëtzung… Weiderliesen

Onrouen a Wäissrussland

Auteur: Max Fisch Wat ass bei der Presidentschaftswal a Belarus geschitt? No de leschte Presidentschaftswale sinn a Wäissrussland grouss Onrouen opkomm. An der Nuecht vum 9. op den 10. August sinn d’Protester géint dat anscheinend verfälschte Resultat ausgebrach an d’Situatioun huet sech bis haut nach net verbessert. Säitdeem hunn sech bei Demonstratiounen e puer honnert Mënschen verletzt a mindestens zwou Persounen sinn ëm d’Liewen komm. Ufank August war et un de Wäissrussen, en neie President ze wielen. Scho virun de Wale waren éischt Protester géint de laangjärege President Lukaschenko opkomm, sou dass d’Wale mat Spannung erwaart goufen. Zur Auswal stounge… Weiderliesen

Aus engem Musée eng Moschee

Hagia Sophia: Weltkulturierwe gëtt ee politesche Spillball D’Lutte ëm d’Hagia Sophia zu Istanbul ass mat ganzer Kraaft entfacht. Ee Weltkulturierwe fir déi ganz Mënschheet gëtt zu engem Spillball fir dem tierkesche President Recep Tayyip Erdoğan seng Politik. De Kaiser Justinian huet d’Hagia Sophia (griech. Helleg Wäisheet) 537 n. Chr. an nëmme fënnef Joer erbaue gelooss. Dat spéitantik Kierchegebai ass bekannt fir seng historesch Architektur, d’Seraphim-Mosaïquen an déi imposant Kuppel. Si gëtt als déi bedeitenst Kuppelbasilika an der Spéitantik ugesinn. Si war fir 900 Joer déi wichtegst Kierch vum Chrëschtentum am Orient. Bis da 1453 Konstantinopel (haut Istanbul) vum Sultan Mehmet… Weiderliesen

Wat geschitt am Jemen?

A 500 Wierder iwwert eng schwéier humanitär Kris Déi Vereenegt Natiounen (UN) schwätze vun der gréissten humanitärer Kris vun der Welt, mee dat gëtt am Moment vun anere groussen Evenementer iwwerlagert. Déi aktuell Situatioun am Jemen ass katastrophal: Biergerkrich mat internationalen Akteuren, Hongersnout, Cholera-Epidemie an elo nach zousätzlech Corona-Pandemie. Dat schonn immens strapazéiert Gesondheetssystem gëtt ëmmer weider belaascht an et steet kuerz virum Kollaps. D’Spideeler gi bombardéiert, d’Doktere probéiere fortzelafen, d’Mënschen am Jemen verhongeren an de kranke Leit ka net gehollef ginn. Dowéinst appelléiert d’UN fir e Friddensprozess, fir déi schlëmmsten humanitär Kris säit 100 Joer am Jemen ze stoppen.… Weiderliesen

D’Geschicht hannert dem Skandal

A 500 Wierder: de massive Bedruch vu Wirecard An de leschte Wochen ass an Däitschland ee massive Bedruch vu Wirecard ëffentlech ginn. Ugefaangen huet Wirecard mat Softwarelizenzen, deemools war Wirecard an eng Kris geroden, opgrond vun den terroristeschen Attacken op „Twin Towers“ vum World Trade Center an New York City. Do sollt dann den éisträicheschen Informatiker Markus Braun der Firma aus der Kris hëllefen. Doropshin huet de Beroder, de Kritiker no, déi wichteg Kärgeschäfter verkaf a Wirecard op ee riskante Wee gelenkt. Den éisträichesche Beroder huet 2002 Wirecard als Bezuelplattform ëmstrukturéiert, fir d’Entreprise fit an d’Zukunft ze bréngen. Well an… Weiderliesen

I can’t breathe

Auteur: Max Fisch   De Fall George Floyd a wéi et ëm Rassismus an der EU steet De 25. Mee hunn ons verstéierend Biller aus Amerika erreecht, wou en Afroamerikaner op oppener Strooss vu wäisse Poliziste mësshandelt gouf a kuerz drop un de Suitte gestuerwen ass. Iwwert d’sozial Netzwierker gouf dëse Video séier verbreet an huet Mënschen op der ganzer Welt schockéiert. Säit dëser grujeleger Dot herrscht op ville Plazen an Amerika den Ausnamezoustand, an d’Police ass den Demonstratiounen, déi deelweis eskaléieren, net Meeschter ginn, sou dass souguer d’National Guard agesat gëtt. Dës Weidere goufen Ausgangsspären ugekënnegt, dat a grousse… Weiderliesen

D’chinesesch Inzenéierung vu Politik

Wat ass de Nationale Vollekskongress a China? Eigentlech wier de chinesesche Vollekskongress de 5. Mäerz gewiescht. Mee dat gréisst Parlament vun der Welt huet de Kongress wéinst dem Coronavirus missten op de leschte Freide verleeën. Dowéinst ass den Nationale Vollekskongress zwee Méint méi spéit ugaangen wéi normal. No der chinesescher Konstitutioun ass den Nationale Vollekskongress dat héchst politescht Organ vum Staat an och gläichzäiteg d’Parlament vun der Volleksrepublik China. Aus zirka 3.000 Deputéiert besteet de Vollekskongress an ass doduerch dat gréisste Parlament vun der Welt. Dee kënnt all Joer am Mäerz fir zéng Deeg zu Peking zesummen. De Premierminister Li… Weiderliesen

Coronavirus – Stéck fir Stéck ausgebreet

Auteur: Max Fisch   A 500 Wierder iwwert den SARS-CoV 2 Am Dezember 2019 ass de Coronavirus SARS-CoV-2 zu Wuhan, enger zentral geleeëner Milliounestad a China ausgebrach. Ufank Januar sinn déi éischt Leit un dëser neier Longekrankheet gestuerwen an de Virus huet sech innerhalb vu puer Wochen iwwert de ganze Planéit ausgebreet an dominéiert bis haut d’Aktualitéit. D’Fro, déi sech stellt, ass, wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun WHO op dës Epidemie geäntwert huet, wat hir Mesuren a Rotschléi sinn, fir géint de Virus virzegoen, wéi déi international Kommunitéit reagéiert huet a wat d’Konsequenze vun dësem Virus sinn. Erënnerung un de SARS-Virus Vu datt… Weiderliesen