An de meeschte Staaten gëtt all Joer en Budget ofgestëmmt. Dëst ass e speziellt Gesetz an deem festgehale gëtt wéi vill Suen de Staat mengt iwwert déi nächst 12 Méint auszeginn a wéi vill en mengt eranzekréien. Domatter leet de Budget déi finanziell Limitte fest an deenen d’Ministeren an d’Administratiounen déi nächst Méint schaffe mussen. Weiderliesen
E Member am Parlament. Hie representéiert d’Vollek, kontrolléiert d’Regierung, stëmmt iwwert d´Gesetzer of an ass normalerweis Deel vun enger politescher Partei. Zu Lëtzebuerg ginn et der 60, déi all 5 Joer nei gewielt ginn a sech momentan a 6 Parteien opdeelen. Weiderliesen
Am Europäesche Parlament stëmme 751 gewielte Vertrieder iwwert all d’Propose fir nei EU-Gesetzer of. All EU-Länner sinn hei mat méi oder manner – baséierend op Populatioun – Politiker vertrueden. Obwuel d’Parlament schonn 1952 gegrënnt gouf, ass et eréischt an de leschte 25 Joer zu enger vun de wichtegsten Institutiounen an der EU ginn. Weiderliesen
Als Europaparlamentarier bezeechent een eng Persoun, déi Deel vum Europaparlament ass. Et ass den europäeschen Equivalent vun engem Deputéierten. Weiderliesen
D’Legislative besteet normalerweis aus dem Parlament. Si ass zoustänneg fir d’Diskutéieren, d’Schreiwen, an d’Ofstëmmen vu Gesetzer. D’Legislative ass nieft der Exekutive an der Judikative eng vun den dräi “Gewalten” an engem Staat. Zesumme ginn dës dräi Gewalten als exklusiivt Recht vum Staat gesinn, well si néideg sinn, fir d’Gesetzer an engem Land ze bestëmmen. An enger Demokratie sollen déi dräi dofir vuneneen getrennt sinn a sech géigesäiteg iwwerwaachen, fir e Mëssbrauch vun dëser Staatsgewalt ze verhënneren. Weiderliesen
Als Oppositioun bezeechent een déi Parteien an enger Demokratie, déi net an der Regierung sinn. An enger Demokratie ass d’Aarbecht vun enger Oppositioun immens wichteg, well si dem Vollek eng Alternative zur Regierung ubidde kënnen an d’Regierung iwwerwaachen, sou dass si keen Abus vun hirem Pouvoir maachen. Weiderliesen
De legislativen Deel vum Staat, wat bedeit dass et den Deel ass, deen iwwert Gesetzer ofstëmmt, d’Regierung kontrolléiert an d’Bevëlkerung representéiert. E Parlament besteet aus enger festgesater Unzuel vun Deputéierten. Zu Lëtzebuerg: d’Chambre des Députés. Weiderliesen
An engem legislative System wou d’Parlament aus zwou Kummere besteet, gëtt eng vun dësen zwou Kummeren a ville Länner Senat genannt. An Amerika besteet de Senat aus 100 Senateuren an en ass d’Kummer déi d’Bundesstaaten vertrëtt. Weiderliesen