Proporzwahl

Eng Proporzwahl ass eng Wahl an där d’Opdeelung vun de verfügbare Sëtzer proportionell zum Stëmmenundeel vun all Partei gemaach gëtt. Eng Partei déi 20% vun de Stëmme kritt, soll also deementspriechend em déi 20% vun de Sëtz kréien. De Géigesaz ass eng Majorzwahl. Weiderliesen

Republikanesch Partei (USA)

D’Republikaner ass eng vun den zwou Parteien an Amerika an ass 1854 gegrënnt ginn. Generell verfollegen d’Republikaner eng konservativ Politik a setze sech fir eng staark Arméi; traditionell – oft chrëschtlech – Valeuren; a fräi ekonomesch Marchéen an. Déi bekanntste Leit aus der Partei sinn: den Abraham Lincoln, den Dwight Eisenhower, de Ronald Reagan, an den George W. Bush. Weiderliesen

SPD

D’SPD ass eng däitsch Partei, déi sech fir eng sozial-demokratesch Politik asetzt. Generell verteidegen si d’Interesse vun Aarbechter a Gewerkschaften. Si setzen sech fir eng Verdeelung vum Räichtum an en staarken Sozialstaat an. Bekannt Leit aus der Partei sinn : den Willy Brandt, de Frank-Walter Steinmeier an de Martin Schulz. Weiderliesen